US OpenDe Carlos Alcaraz steet an der Halleffinall

RTL Lëtzebuerg
Déi spuenesch Nummer 1 vun der Welt huet sech ouni gréisser Probleemer géint den Däitschen Alexander Zverev duerchgesat.
© COREY SIPKIN AFP

Den Titelverdeedeger huet d’Véierelsfinall tëscht deenen 2 mat 6-3, 6-2 a 6-4 gewonnen. An der Halleffinall kritt hien et elo mam Russ Daniil Medwedew ze dinn.

An der éischter Halleffinall treffen de Serb Novak Djokovic an de jonken US-Amerikaner Ben Shelton openeen.

Back to Top
CIM LOGO