DammefuttballDe Championstitel geet un de Racing

RTL Lëtzebuerg
D'Ekipp aus der Haaptstad kann domadder den Titel aus dem Joer 2022 verdeedegen. De Racing steet donieft och nach an der Coupefinall.
© Racing Union Lëtzebuerg

Um Samschdeg huet sech de Racing mat 5:0 beim Red Black duerchgesat an domadder d’Titelverdeedegung kloer gemaach. Ee Spilldag viru Schluss huet de Racing 5 Punkte Virsprong op Mamer. Vun 21 Matcher hunn déi Stater der 20 gewonnen a just 1 gläich gespillt.

Am Spëtzematch huet sech Mamer mat 3:2 géint den Tabellendrëtte Beetebuerg duerchgesat. Mamer stoung awer virdru schonn als Vizemeeschter fest.

An der Coupefinall trëfft dann de Champion Racing op de Vizemeeschter Mamer.

Ënnenof stoungen déi 3 Ofsteiger Red Black, Mäertert-Waasserbëlleg an Izeg scho fest.

D’Resultater am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO