FLFDe Claude Kremer stellt seng Kandidatur, fir neien FLF-President ze ginn

RTL Lëtzebuerg
De fréieren Arbitter huet seng Kandidatur eraginn, fir de 15. Oktober um Kongress vun der Lëtzebuerger Federatioun als President gewielt ze ginn.

Hien trëtt domat géint den aktuellen President Paul Philipp un, deen sech och op en Neits opsetzt, fir weider 4 Joer um Posten ze bleiwen.

De Claude Kremer ass zanter 2004 Member vum CA vun der FLF an war 20 Joer President vum FC Jeunesse Jonglënster.

2004 gouf de Paul Philipp als President gewielt an ass zanterhier op dësem Posten.

An engem 25 Säite laangen Dokument huet de Claude Kremer erkläert, wéi hie sech d’Zukunft vum Lëtzebuerger Futtball virstellt.

PDF: Dem Claude Kremer säi Programm

Back to Top
CIM LOGO