Premier LeagueDe Cristiano Ronaldo ënnerschreift bei Manchester United

RTL Lëtzebuerg
De 36 Joer ale Portugis hat scho vun 2003 bis 2009 fir d'"Red Devils" gespillt.
© AFP/File/Marco BERTORELLO

De spektakuläre Retour vum Superstar Cristiano Ronaldo bei Manchester United ass perfekt. Wéi den 20-fachen englesche Champion e Freideg op senger Homepage matgedeelt huet, wiesselt de 36 Joer ale Futtballer vu Juventus Turin bei d’Red Devils.

Vun 2003 bis 2009 hat de Portugis scho fir Manchester United gespillt. De 5-fache Weltfuttballer hat an 292 Matcher 118 Goler geschoss.

Back to Top
CIM LOGO