
De 36 Joer ale Stiermer, dee vun 2003 bis 2009 fir de Rival Manchester United um Terrain stoung, soll Medieberichter no ronn 15 Milliounen Euro d’Joer verdéngen.
De 5-fache Weltfuttballer géing domat Juventus Turin no 3 Saisone verloossen. An 134 Matcher huet hien 101 Goler fir déi “al Damme” geschoss. Zu Turin huet hien nach ee Kontrakt vun engem Joer.