
De 34 Joer alen Rinaldo, deen den Opstig am Barragematch fir an déi iewescht Divisioun mat Kanech géint d’Fola nëmme ganz knapp verpasst huet, ersetzt de Manuel Peixoto bei der UNK. Et war gewosst, datt de Peixoto um Enn vun der Saison nees géif ophalen.
Käerjeng huet sech jo mat enger Victoire am Barragematch géint Beetebuerg an der héchster Spillklass gehalen.