Denkt een u Futtball, da bréngt een dat an der Reegel a Verbindung mat der Champions League, der Weltmeeschterschaft oder esou Perséinlechkeete wéi Cristiano Ronaldo oder och nach Lionel Messi.
Fir de Luca Tommasi, den Thierry Kruchten an de Stefan Guden dierft dat awer net de Fall sinn. Déi 3 Kolleegen hunn nämlech 2017 d’Facebook-Säit “Missioun Grottekick” lancéiert a ginn hei virun allem déi 2. an 3. Divisioun kucken, fir och deene Veräiner a Spiller méi e breede Public ze erméiglechen. Dat Ganzt probéiert een deen Ament op e bësse méi eng witzeg Aart a Weis eriwwerzebréngen.
Wärend de Matcher filme si mat hirem Handy dann och reegelméisseg mat a setzen déi bescht oder och lëschtegst Aktiounen direkt online, woumat déi mëttlerweil iwwer 6.000 Abonnenten dann och hire Spaass hunn. Der Missioun Grottekick ass et awer wichteg, ze ënnersträichen, datt ee kengesfalls de Geck mat de Spiller maache wëll. Si selwer spillen zu Useldeng an der Härenekipp an zelebréieren dee Futtball an den ënneschten Divisiounen a ginn dofir ëmmer nees esou Matcher kucken.
An deene 4 Joer, an deenen d’Missioun Grottekick elo schonns op d’Terrainen uechter d’Land kucke geet, huet een dann och scho vill flott Momenter erlieft. Ënnert anerem hu si zu Pärel de Gol vum Joer gefilmt.
An den ënneschten Divisiounen hunn d’Veräiner dann och nach aner Prioritéite wéi déi grouss Clibb. Zu Gréiwels ass et ënnert anerem ganz wichteg, datt Buvettsfra hir fest Parkplaz huet. Dat heescht awer net, datt de Futtball zweetrangeg ass.
E Sonndeg de Mëtteg krut Gréiwels da Besuch vum FC Kiischpelt/Wëlwerwolz an nodeems déi éischt Hallschent éischter manner lass war, esou gouf et no der Paus dunn awer besser Aktiounen. Um Enn goung de Match mat engem 1:1 op en Enn.
E Resultat, mat deem béid Ekippe liewe kënnen. Déi drëtt Hallschent hate sech d’Spiller op alle Fall alleguerte verdéngt.