Los Angeles FCDe Gareth Bale hänkt seng Futtballschong un den Nol
Den 33 Joer ale Spiller vum Los Angeles FC hat deemno op der Weltmeeschterschaft am Katar säi leschte groussen Optrëtt mat der walisescher Nationalekipp.
De Bale huet mat Real Madrid fënnefmol d’Champions League gewonnen a gouf dräimol spuenesche Champion. Zanter dem 1. Juli 2022 huet hien an den USA an de Major League Soccer fir Los Angeles gespillt.