
Dat huet de Stiermer op de soziale Medie confirméiert.
No sengem Engagement bei Al-Wehda a Saudi-Arabien spillt de Rekordbuteur vun der Nationalekipp vun elo un nees an der Tierkei, wou e scho virdru fir Ankaragücü an Eyüpspor gespillt huet.
De Gerson Rodrigues gëtt fir ee Joer vun Dynamo Kiev bei Sivasspor ausgeléint, wéi säi Club op Facebook matdeelt. Am Summer 2019 war hien an d’Ukrain bei Dynamo gewiesselt.
