
Bei dëser Course am Sprintformat huet de Lëtzebuerger Gregor Payet et mat enger Zäit vu 50 Minutten a 45 Sekonnen op Plaz 32 gepackt.
D’Course war vun héijem Niveau well si Deel vun der Qualifikatioun fir d’Olympesch Spiller am Summer zu Paräis war. Mat dëser Placéierung kann ee weider Hoffnung op eng Qualifikatioun hunn, och wann dës bis de 27. Mee dauert an domat nach net definitiv ass.