Paräis 2024De Julien Henx ass optimistesch d'Qualifikatioun fir Olympia ze packen

Franky Hippert
Am Schwammen ass an dësen Deeg d'Weltmeeschterschaft am 50 Meter Baseng zu Fukuoka a Japan.

De Julien Henx ass do iwwer 50 Meter Papillon un den Depart gaangen, a koum um Enn mat sengem beschte Chrono deen hien jeemools geschwommen ass, op déi 27. Plaz ënner 91 Konkurrenten. Den 28 Joer ale Sportzaldot huet awer ee grousst Zil, an dat sinn d’Olympesch Summerspiller zu Paräis 2024.

De Julien Henx ass optimistesch, d’Qualifikatioun fir Paräis 2024 ze packen

Do geet de Julien Henx gär iwwer 50 Meter Crawl un den Depart. D’A-Norm iwwert dës Distanz bei 21,96 Sekonnen. De Schwëmmer vun Diddeleng huet aktuell an där Disziplin eng Beschtzäit vun 22,69 a läit domat ronn 7 Zéngtel iwwert der Norm. Ma de Sprintspezialist bleift awer optimistesch fir Paräis.

Hien huet elo d’Analyse gemaach, wat muss besser ginn, fir datt et klappt, fir bei Olympia d’nächst Joer dobäi ze sinn.
Den 28 Joer alen Schwëmmer aus der Elite-Sport-Sektioun vun der Arméi geet mat der Astellung an d’Olympiaqualifikatioun, datt hie säi bescht gëtt, an da kënnt et ebe wéi et kënnt.

Lo mécht de Julien Henx emol e puer Wochen Paus, an am September gëtt dann esou richteg fir d’Olympiaqualifikatioun ugerappt. D’Schwëmmer hunn Zäit bis d’nächst Joer den 23. Juni, also bis de Lëtzebuerger Nationalfeierdag, fir d’Norm fir Paräis 2024 ze erreechen.

Back to Top
CIM LOGO