Een Dag no verluerener WMDe Karim Benzema annoncéiert Récktrëtt aus franséischer Nationalekipp

RTL Lëtzebuerg
Nëmmen een Dag, nodeems Frankräich d'WM-Finall géint Argentinien verluer huet, gëtt de Ballon-d'Or-Gewënner Benzema säi Récktrëtt bekannt.
© AFP Archivbild

De Karim Benzema hat de leschte Match vun der WM am Katar blesséiert verpasst, lo deemno d’Annonce, dass hie sech aus der franséischer Nationalekipp zeréckzitt. “Ech hunn all déi Ustrengungen op mech geholl a Feeler gemaach, déi néideg waren, fir dohin ze kommen, wou ech elo sinn”, huet de Profisportler op sengem 35. Gebuertsdag op Instragam geschriwwen. “Dorop sinn ech houfreg. Ech hu meng Geschicht geschriwwen, an eis ass elo eriwwer.” Zum Text huet de Benzema nach eng Foto vu sech am Nationaltrikot gepost.

Frankräich hat e Sonndeg d’Endspill géint Argentinien am Eelefmeterschéisse 2:4 verluer an domat eng Widderhuelung vun hirem Triumph vun 2018 nëmme knapp verpasst.

Back to Top
CIM LOGO