FuttballDe Laurent Jans ënnerschreift Kontrakt bei Waldhof Mannheim

RTL Lëtzebuerg
Aus dem Futtball ass et d‘Nouvelle, datt de Laurent Jans vu Sparta Rotterdam bei Waldhof Mannheim wiesselt.

Sam Rickal

De Kapitän vun der Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp huet ee Kontrakt bis 2024 bei der Ekipp aus der drëtter däitscher Liga ënnerschriwwen.

Och de Maurice Deville hat schonns vun 2017 bis 2020 fir Mannheim gespillt.

Aktuell steet d‘Ekipp no 4 Spilldeeg mat 7 Punkten op der 10. Plaz an der Tabell.

Back to Top
CIM LOGO