Et geet an d'MLSDe Lionel Messi wiesselt bei Inter Miami

RTL Lëtzebuerg
Den Argentinier wäert an der neier Saison fir Inter Miami an der MLS (Major League Soccer) an den USA spillen.
© AFP

Dat huet den argentinesche Futtball-Weltmeeschter e Mëttwoch den Owend géigeniwwer de spuenesche Sport-Zeitungen “El Mundo Deportivo” a “Sport” confirméiert.
Inter Miami gehéiert engem Grupp vun Investisseure ronderëm den David Beckham, deen och Präsident vum Club ass.

Wéi et vun der brittescher BBC heescht, hätt de Messi eng finanziell méi lukrativ Offer, fir a Saudiarabien ze goen, refuséiert.

Back to Top
CIM LOGO