De Manuel Neuer wollt sech no der Weltmeeschterschaft am Katar beim Schifueren erhuelen an huet sech dobäi d’Been gebrach. D’Operatioun wär gutt verlaf, wéi de Sportler och selwer op senge soziale Reseauen matdeelt.