
Viru manner wéi enger Woch huet Käerjeng den Opstig mat engem 2:2-Remis géint Biissen kloer gemaach. Als Trainer war de Marc Thomé beim CS Uewerkuer, zu Rëmeleng, Gréiwemaacher, Déifferdeng, op der Jeunesse a bis Enn vun dëser Saison zu Rouspert aktiv.
De momentane Käerjenger Trainer David Zenner hat jo scho virun ronn 2 Méint matgedeelt, datt hien dem Veräin d’nächst Joer net géif als Trainer zur Verfügung stoen.