
Déi brasilianesch Fussball-Legend Mario Zagallo ass dout. Hie war deen éischten, deen de Fifa World Cup als Spiller an als Coach gewonnen huet. An et war och dee leschten nach liewende Spiller vun der Ekipp, déi 1958 déi éischte Kéier fir Brasilien d‘WM gewonnen huet.
De Mario Zagallo huet deemno eng grouss Roll doranner gespillt, Brasilien zu där Futtball-Natioun ze maachen, déi et haut ass. Hien huet zesumme mam Pele an der Ekipp gespillt, deen am Dezember 2022 gestuerwen ass.