Futtball - Dammen-WM-QualifikatiounDe Match Lëtzebuerg-Lettland gëtt e Samschdeg nogeholl

RTL Lëtzebuerg
Wéinst Schnéi um Terrain konnt de Match net wéi geplangt e Freideg den Owend gespillt ginn.
© Cliff Block

E Freideg um 18 Auer sollt am Futtball an der WM-Qualifikatioun d’Partie tëscht de Lëtzebuerger Dammen a Lettland zu Nidderkuer ugepaff ginn. Wéinst deem ville Schnéi, deen awer um Terrain louch, hat d’Uefa decidéiert, de Match ofzesoen.

D’Partie gëtt e Samschdeg um 11 Auer nogeholl. Gespillt gëtt um syntheteschen Terrain zu Beetebuerg. Dat huet d’FLF e Freideg den Owend matgedeelt.

Communiqué vun der FLF

Match de qualification pour la Coupe du Monde Féminine de la FIFA, Australie & Nouvelle-Zélande 2023

Luxembourg-Lettonie

Par la présente nous vous informons, que le match mentionné ci-dessus, qui a dû

être annulé ce soir, est reporté au 9 avril 2022 au Stade Municipal à Bettembourg,

coup d’envoi à 11.00 heures.

Back to Top
CIM LOGO