Schi AlpinDe Matthieu Osch fiert seng drëtt WM

RTL Lëtzebuerg
Als Sportzaldot fokusséiert hien sech dat ganzt Joer iwwer op säi Schifueren a start elo bei senger drëtter Weltmeeschterschaft.
Matthieu Osch fiert zu Courchevel seng drëtt WM
Zanter 8 Joer ass de Matthieu Osch mëttlerweil am Ski Zirkus aktiv a fiert reegelméisseg international Coursen

De Papp ass nach mam Marc Girardelli ëm d’Staange gefuer an huet déi meescht national Titele gesammelt. Mat 23 Joer huet de Matthieu Osch réischt hallef esou vill Championstitelen, ma war awer schonns zweemol op Olympesche Spiller. Déi jorelaang Opbauaarbecht vum Gilles Osch an och sengem Brudder Eric méscht sech elo bezuelt. Mam Matthieu Osch starten nämlech och déi jonk Joyce ten Raa a Gwyneth ten Raa, esou wéi de Joachim Keghian zu Courchevel.

De Programm

14.2.: Qualifikatioun fir de Parallel-Slalom F/M (ofhängeg vu Decisioun Jury FIS)

15.2.: Parallel-Slalom (F/M)

16.2.: Riseslalom Finall Fraen a Qualifikatioun Männer

17.2.: Riseslalom Finall Männer

18.2.: Slalom Finall Fraen a Qualifikatioun Männer

19.2.: Slalom Finall Männer

Liveresultater fannt Dir hei.

PDF vun der Federatioun

Back to Top
CIM LOGO