Cortina d'AmpezzoDe Matthieu Osch geet un den Depart bei der Schi-WM

RTL Lëtzebuerg
Wéinst de schlechte Wiederkonditiounen goufen et eréischt en Donneschdeg déi éischt Medailen op der Schi-Weltmeeschterschaft.
© pressphoto Archiv

Aus Lëtzebuerger Siicht ass de Matthieu Osch mat dobäi. Seng Coursse sinn allerdéngs eréischt an enger Woch.

Matthieu Osch bei der Schi-WM/Reportage Rich Simon

Am Laf vum Dag e Freideg kënnt hien a seng Ekipp awer schonns zu Cortina d’Ampezzo an den italieneschen Dolomiten un. Wéinst Corona dierft do relativ vill Aarbecht op si duerkommen.

Mir musse vill Covid-Tester maachen. Mir musse warscheinlech vill Formulairen ausfëllen, eis am Hotel installéieren an d’Schi villäicht nach preparéieren. Bësse kucken, wou a wat ass, fir dass mir Bescheed wëssen.

Wann d’Formalitéite bis alleguerte gemaach goufen an och soss alles installéiert ass, dann ass fir déi kleng Lëtzebuerger Delegatioun Training ugesot.

Mir hunn et elo esou geplangt, dass mir zwee Deeg Riseslalom trainéieren, also muer an e Sonndeg. Méindes an dënschdes Slalom-Training. Da muss ech kucken, wéi fit ech sinn, ob mir e Mëttwoch nach puer Manchë Riseslalom trainéieren.

De Matthieu Osch muss sech nach Reserven halen. Wann alles optimal leeft, sti fir hie vun eng Donneschdeg un a bis e Sonndeg mat 4 Courssen um Programm.

Donneschdes d’Quali fir de Riseslalom, freides déi Haaptcourse. Samschdes d’Quali fir de Slalom a sonndes d’Haaptcourse. Dat heescht, et geet Schlag op Schlag an ech muss kucken, wéi et mat der Kraaft ass, wéi vill ech trainéiere kann. Ech probéiere wierklech, fit ze si fir déi Courssen, dat gesäit een ëmmer sur place. Wéi sinn Trainingskonditiounen? An och ob d’Wieder matspillt? Dat ass och déi grouss Fro. Et gesäit den Ament awer net schlecht aus.

Fir déi direkt Qualifikatioun fir d’Haaptcourssen am Riseslalom an och am Slalom ze packen, muss de Matthieu Osch an de Qualifikatiounscourssen ënner déi 25 éischt kommen. Ass dat net de Fall, besteet nach d’Méiglechkeet, iwwer Punkten an de Repechage ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO