
Bei der Schwamm-EM am klenge Baseng zu Kasan a Russland ass den 2 Meter grousse Lëtzebuerger Schwëmmer an der 2. Halleffinall un de Start gaangen. Mat enger Zäit vun 1 Minutt, 58 Sekonnen an 22 Honnertstel schwëmmt hien op déi 8. Plaz a sengem Laf. Am Total vun deenen zwou Halleffinalle klasséiert hie sech op der 15. Plaz vun am Ganze 16 Schwëmmer. Domat huet de Max Mannes fir dat bescht Resultat vun engem FLNS-Athlet zu Kasan gesuergt.
Iwwerdeems huet de Pit Brandenburger e Freideg mat 49,36 Sekonnen eng nei perséinlech Beschtzäit iwwer 100m Crawl opgestallt an ass domat 37. vun 51 Schwëmmer ginn.