
De gebiertege Mäerzeger ass zanter senger Kandheet um Futtball interesséiert a scho laang am Sport engagéiert. Hien huet bei Sporting Mäerzeg an alle Jugendkategorië gespillt an ass spéiderhi Member vum Comité a Vizepresident ginn. Bis 2017 huet hie säin Heemechtsveräin als Partner ënnerstëtzt.
Am Joer 2000 war de Paul Olk Partner an éischte finanziellen Ënnerstëtzer vun der nationaler Futtballschoul vun der FLF, déi deemools vum Henri Roemer presidéiert gouf.
De Paul Olk war ausserdeem vun 2000 bis 2002 President vum Progrès Nidderkuer a vun 2004 bis 2008 President vun der lëtzebuergescher Handballfederatioun.