Sport Media AwardsDe Petz Lahure kënnt an der Kategorie "Kolumn" op Plaz 7

Franky Hippert
De Petz Lahure kënnt um Enn bei de Sport Media Awards vun der internationaler Sportspress an der Kategorie "Kolumn" op déi 7. Plaz.
© Pressphoto Archiv

Sport Media Awards: Petz Lahure Plaz 7 / Rep. Franky Hippert

Och wann et e Méindeg den Owend beim groussen Online-Gala net duergaangen ass, fir ënnert déi 3 éischt ze kommen, esou ass de Sportjournalist, deen elo schonn zanter 56 Joer sengem Beruff nogeet, houfreg, et iwwerhaapt esou wäit gepackt ze hunn.

Den Titel vum Petz Lahure senger Kolumn, mat där hien et ënnert déi 10 éischt bei de Sport Media Awards gepackt huet, war d’lescht Joer am Mäerz bei eise Kolleege vun Tageblatt ze liesen; “Die versuchte Rettung von Tokio 2020", mam Ënnertitel “Petz Lahure über die Verlegung der Spiele ins Jahr 2021". E Méindeg den Owend sollt et awer net duergoen, fir op de Podium ze kommen:

“Ech sinn als 7. klasséiert. Ech wëll déi 3 Leit, déi op de Podium koumen, begléckwënschen. Et muss ee jo bedenken, datt Sportjournalisten aus 129 Länner ënnerteneen konkurréiert hunn.”

Den Artikel, deen e Méindeg gewonnen huet, kënnt vun enger jonker brittescher Journalistin: Der 25 Joer aler Dina Asher-Smith, aktuell Weltmeeschterin iwwer 200 Meter. Si beschreift de Rassismus, dee si Dag fir Dag um eegene Leif erlieft.

Fir de Petz Lahure, deen zanter 56 Joer Sportjournalist ass, ginn et awer absolut keng Regreten, datt et net fir méi duergaangen ass: “Fir mech war et eng erfreelech Nouvelle, datt ech et an d’Top 10 gepackt hat. D’Chancen, fir op de Podium ze kommen, hänken heiansdo och vun Detailer of. Loosse mer awer bescheide bleiwen. Fir mech ass eng 7. Plaz esou vill Wäert wéi e Podium.”

Nieft senger Léift fir d’Olympesch Spiller an den Tour de France ass de Petz Lahure och deen eenzegen, dee bei all Victoire vun der Lëtzebuerger Futtballnationalekipp nom zweete Weltkrich live am Stadion dobäi war. En Dënschdeg flitt de President vun der Associatioun vun der Lëtzebuerger Sportspress nees mat de Roude Léiwen op hiert Deplacement an Ungarn, wou jo e Mëttwoch de Frëndschaftslännermatch géint de Katar um Programm steet.

Back to Top
CIM LOGO