
Den Olympique Lyon koum hei net iwwert en 1:1 géint Stade Brest eraus. Brest war an der 43. Minutt souguer mat 0:1 a Féierung gaangen, dat duerch e Goal vum Irvin Cardona. An der 2. Hallschent konnt den Islam Slimani awer an der 62. Minutt ausgläichen. Et sollt dann och bis zum Schluss bei deem Resultat bleiwen.

Um 21 Auer war dunn nach de Match Troyes géint de PSG. Troyes huet sech net verstoppt an ass an der 9. Minutt duerch den Oualid El Hajjam a Féierung gaangen. An der 19. Minutt konnt den Achraf Hakimi fir Paräis ausgläichen an nëmmen 2 Minutten duerno, huet de Mauro Icardi den 1:2 zu Gonschte vum PSG geschoss. Dat war dann och d’Schlussresultat vum Match.