Et war net vill Zäit tëscht dem Mëttegiessen an der Finall vun der Futtball WM, well d’FIFA de Match am Katar net fir de Grottekick zu Éilereng wollt no hanne verleeën. Dofir konnt deen, dee wollt, dës Finall nom Galamatch zu Éilereng an der Buvette kucken.
D’Spiller vum Grottekick an enger gemëschter Éilerenger Auswiel hu sech, anescht wéi am Katar, bei äisegen Temperaturen op den Terrain getraut a fir de Spaass an de gudden Zweck alles ginn. Dobäi hunn déi 22 Leit an d’Auswieselspiller alles ginn a wéi och bei der grousser Finall um Sonndeg stoung no 90 Minutte kee Gewënner fest. Op Verlängerung an Eelefmeterschéisse gouf zu Éilereng awer verzicht, esou datt et beim 1:1 bliwwen ass.