
Am Spëtzematch tëschent Jonglënster an dem Racing ass d’Heemekipp mat 0:6 ënner d’Rieder komm. Bis zur Paus haten d’Karoline Kohr (2 Goler) an d’Edina Kocan fir d'3:0-Féierung gesuergt. Nom Säitewiessel hunn d’Marlyse Ngo Ndoumbouk (2) an d’Julie Wojdyla déi aner Goler markéiert. De Racing bleift domadder op der éischter Plaz an der Tabell.