
An der 36. Minutt war et den 1:0. De Pokar flankt e Fräistouss vu riets eran a fënnt dem Nakache säi Kapp. Dëse käppt de Ball onhaltbar ënnen an den Eck.
Um Enn steet et 1:0 fir de Racing.
E Sonndeg stinn da sechs Partië vum 3. Spilldag um Programm. Dës kënnt Dir och nees am Stream an der RTL Sport Live Arena an am Ticker op RTL.lu suivéieren. E Méindeg den Owend maachen da Péiteng a Rodange den Ofschloss vum Spilldag.