De Racing, Jonglënster a Mamer stinn an den Halleffinalle vun der Coupe des Dames am Futtball.
De Racing huet sech mat 2:1 géint d’Ent. Wuermer/Mënsbech/CSG duerchgesat. Eréischt Sekonne viru Schluss ass dem Veräin aus der Stad den decisive Gol gelongen.
Jonglënster huet sech kloer mat 10:0 an der Fiels behaapt. An da gouf et och eng kloer Victoire fir Mamer géint Käerjeng. No 90 Minutte stoung et hei 12:0.
D’Partie Ent. Izeg / CeBra 01 géint Dikrech huet misse verluecht ginn.