FuttballDe Ralf Rangnick gëtt Trainer vun der éisträichescher Nationalekipp

RTL Lëtzebuerg
Den 63 Joer ale Rangnick, deen aktuell nach Trainer vu Manchester United ass, kritt en 2-Jores-Kontrakt als Trainer vun der Nationalekipp vun Éisträich.

Sollt Éisträich sech fir d’EM 2024 an Däitschland qualifizéieren, gëtt säi Kontrakt automatesch bis d’WM 2026 verlängert. Dat huet den éisträichesche Futtballverband matgedeelt. De Ralf Rangnick gëtt Nofollger vum Franco Foda.

Bei Manchester United huet de Rangnick nach e Kontrakt bis Enn der Saison, wou hien da vum 1. Juli u vum Erik ten Hag ersat gëtt, dee vun Ajax Amsterdam eriwwer bei Manchster United wiesselt.

De Rangnick bleift Manchester d’nächst Saison awer och erhalen a gëtt Beroder bei de Red Devils.

Back to Top
CIM LOGO