Nofollger vum Oliver BierhoffDe Rudi Völler gëtt neie Manager vun der DFB-Selektioun

RTL Lëtzebuerg
Ufank den 2000er Joren huet de Rudi Völler déi däitsch Nationalekipp als Teamchef aus dem Misär geholl, elo soll en op en Neits fir Opschwong suergen.

Den 62 Joer ale Völler gëtt domadder den Nofollger vum Oliver Bierhoff als Manager beim DFB. Dat huet den DFB en Donneschdeg den Owend bekannt ginn.

De Völler soll elo dofir suergen, dass d’EM 2024 an Däitschland en Erfolleg soll ginn, nodeems d’WM am Katar éischter desastréis fir déi däitsch Nationalekipp gelaf ass.

De Rudi Völler huet net just als Spiller ganz vill Erfarung, ma war och 13 Joer laang sportlechen Direkter bei Bayer Leverkusen.

Back to Top
CIM LOGO