Knapp 40 Meter iwwert dem WeltrekordDe Ryoyu Kobayashi spréngt op de Schi 291 Meter wäit

RTL Lëtzebuerg
Op enger provisorescher Schanz an Island huet de Japaner Schisprong-Geschicht geschriwwen. Offiziell gëtt de Weltrekord awer net unerkannt.
© AFP

Wéi de Weltverband FIS e Mëttwoch bestätegt huet, ass de Ryoyu Kobayashi am islännesche Schigebitt Hlidarfjall mat senge Schi 291 Meter wäit gesprongen. Well de Sprong allerdéngs net ënnert Kompetitiounsbedéngunge duerchgefouert gouf an och net dem offizielle Reglement vun der FIS entsprach huet, huet de Verband de Sprong net als offizielle Rekord gëlle gelooss.

Dee läit aktuell ëmmer nach beim Éisträicher Stefan Kraft, deen am Joer 2017 am norwegesche Vikersund 253,3 Meter gesprongen ass.

Back to Top
CIM LOGO