ITF-Tennis-Tournoi zu EschDe Sanchez Izquierdo séchert sech den Titel

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg de Moien ass zu Esch d'Finall am Eenzel vun der éischter Editioun vun de Luxembourg Open gespillt ginn.
© Val Wagner
ITF-Tennis-Tournoi zu Esch
Den Dubbel gouf vun der aktueller lëtzebuergescher Davis Cup-Dubbelsekipp gewonnen, dem Alex Knaff an dem Chris Rodesch.

Hei konnt deen un 1 gesate Spuenier Nikolas Sanchez Izquierdo (Nr. 275 ATP) no knapps zwou Stonnen an dräi Sätz mat 1:6, 6:3 a 6:2 géint den Däitsche Marlon Vankan gewannen. De Vankan hat um Samschdeg de Lëtzebuerger Chris Rodesch an der Halleffinall mat 3:6, 7:6(6) a 6:4 geklappt, nodeems hien zwee Matchbäll ofgewiert hat.

Chris Rodesch
De lëtzebuergeschen Davis-Cup-Spiller iwwer seng Leeschtunge beim ITF-Tennis-Tournoi zu Esch.

Déi éischt Editioun vun de Luxembourg Open, engem professionellen Tennistournoi fir Hären, dat mat 25.000 Dollar Präisgeld dotéiert war a vun der lëtzebuergescher Tennisfederatioun organiséiert gouf, ass domat op en Enn gaangen. Den Tournoidirekter Sascha Thoma weist sech ganz zefridde mam sportlechen Oflaf an och mam Zousproch vun de Spectateuren, déi dës Woch am nationalen Tenniszenter zu Esch passéiert sinn. Den Dubbel gouf schonn e Freideg vun der aktueller lëtzebuergescher Davis Cup-Dubbelsekipp gewonnen, dem Alex Knaff an dem Chris Rodesch.

Déi kommend Woch gëtt dann en zweete Profitournoi vun der selwechter Kategorie vum TC Esch um Gaalgebierg organiséiert.

Back to Top
CIM LOGO