FuttballDe Siniša Mihajlović ass am Alter vun 53 Joer u Leukemie gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
De Mihajlović huet a senger Karriär virun allem an Italien, ënnert anerem fir d'AS Roum, d'Lazio an Inter Mailand gespillt.

Hie war een vun deene bekanntste jugoslaweschen, respektiv serbesche Futtballspiller. Vu Januar 2019 bis September 2022 war hien Trainer vum italienesche Club FC Bologna.

Seng Trainerkarriär ass 2006 lassgaangen, als Assistent vum Roberto Mancini bei Inter Mailand.

Hien huet 63 Lännermatcher fir Jugoslawien gespillt, 4 dovu bei der WM 1998. En huet nom Enn vu Jugoslawien och nach 4 mol fir Serbien a Montenegro gespillt.

Bekannt war hien als robuste Verdeedeger a fir seng geféierlech Fräistéiss. An der Serie A huet hien 38 Goler geschoss an huet der 39 virgeluecht, dat an 315 Matcher.

Back to Top
CIM LOGO