
Dat 17 Joer alt Defensiv-Talent huet bis ewell nach kee Match vir Nidderkuer an der BGL Ligue gespillt. Allerdéngs hat den Ikene am Juni zejoert säin Debut fir d’Nationalekipp gefeiert. Dat wéi hie beim Lännermatch géint d’Färöerinselen um Terrain stoung.
Dem Sofiane Ikene säin neie Club spillt an der zweeter däitscher Bundesliga a steet do den Ament op der eelefter Plaz.