Zwee déck Blecher ware just virun de Gradinen op de Buedem geknuppt. D’Tribün an e Stéck vun der Lafpist goufen doropshi fir de Public gespaart. D’Aarbechte sinn elo esou gutt wéi ofgeschloss. Dem Stade Josy Barthel seng Deeg si gezielt. Et si wuel déi lescht gréisser Fléckaarbechten, déi hei op der Areler Strooss duerchgefouert ginn. Nach gëtt de Stadion awer gebraucht. Den CSL-Liichtathletik-Club ass hei doheem. Esoulaang si keen neie Stadion hunn, bleiwen d’Athlete vum CSL am Josy Barthel.
D’Ausschreiwung fir deen neie Stadion soll am September lancéiert ginn. Dëse soll op Hamm kommen. Et plangt een, datt d’Spiller vun de Klenge Länner 2029 am neie Liichtathletik-Stadion kënnen organiséiert ginn.
Laanscht d’Areler Strooss soll jo e komplett neie Wunnquartier entstoen. Op enger Fläch vun 10 Hektar sollen hei Logementer fir ronn 2.000 Leit entsoen. D’Aarbechte kënnen awer eréischt dann ufänken, wann all d’Servicer vun der Gemeng an d’Sportsclibb op hir nei Adresse geplënnert sinn.