
Dat melle verschidden däitsch Medien um Donneschdeg. Dass e géif stierwen, hat e schonn am Hierscht zejoert matgedeelt: “Heelung wäert et bei mir net méi ginn. Mäi Kriibs ass ze aggressiv”, huet en deemools an engem Interview gesot.
An engem Statement vun der Famill géintiwwer der Bild-Zeitung heescht et, e wier am enke Krees vu senger Famill friddlech ageschlof. En hätt de Kampf net verluer, ma op seng Aart a Weis gewonnen.
Beim Lobinger gouf am Mäerz 2017 Bluttkriibs diagnostizéiert. No Chemotherapien, Stammzellespenden, tëschenzäitleche Réckfäll an engem kuerzzäitege Liewerversoen am Sommer 2018 huet den Ex-Profi nees als gesond gegollt.
2020 huet en dunn awer nees mussen an Therapie a krut nees Bestralungen.
De Lobinger war 1998 Europameeschter an der Hal, a Weltmeeschter 2003. Hie war den éischten däitschen Athlet, deen ënner fräiem Himmel déi magesch Mark vu 6 Meter iwwersprongen huet.