
Den Optakt mécht en Dënschdeg den Owend de Champion Hesper. De Swift ass auswäerts beim Rekord-Champion aus Wales, dem New Saints FC gefuerdert. Ugepaff gëtt de Match um 20 Auer.
E Mëttwoch da spillt Nidderkuer bei den Däne vu Midtylland.
En Donneschdeg trëfft den F91 Diddeleng op d’Malteeser vu Gzira an Déifferdeng op Maribor.
E Méindeg goufe bei der UEFA dann och schonn déi méiglech Géigner fir d’drëtt Ronn ausgeloust, sollten d’Lëtzebuerger weiderkommen.
Hesper kréich et dann entweder mat Podgorica aus Montenegro, oder Struga aus Nord-Mazedonien ze dinn.
Nidderkuer kéint op Qabala aus dem Aserbaidschan oder Omonia vun Zypern treffen.
Den F91 op d’Tscheche vu Pilsen oder Drita aus dem Kosovo.
An Déifferdeng op d’Tierke vu Fenerbace oder Chisinau aus Moldawien.