SprangreidenDe Victor Bettendorf ass an der neister Weltranglëscht op der 45. Plaz
Et ass eng Première fir Lëtzebuerg. Nach ni huet ee Lëtzebuerger Sprangreider et fäerdegbruecht, fir an d'Top 50 vun der Welt ze kommen.
Dat ass awer elo dem Victor Bettendorf gelongen, deen an der neister Weltranglëscht op der 45. Plaz gefouert gëtt. Hien huet dëst Joer ënnert anerem den CSI4* Grand-Prix zu St. Tropez konnte gewannen.