Sprangreiden De Victor Bettendorf hofft op Olympia 2024

Franky Hippert
Den 32 Joer ale Lëtzebuerger ass an der aktueller Weltranglëscht am Sprangreiden den 27. Domat gehéiert hien zu den aktuell beschte Reider op der Welt.

Ma an de leschte Deeg war bei der 30. Editioun vun de Réiser Päerdsdeeg awer och den Olympiagewënner vun 2012, de Schwäizer Steve Guerdat, nees mat dobäi. Olympia, do wëll och den Victor Bettendorf hin.

Sprangreiden: De Victor Bettendorf hofft op Olympia 2024

Paräis2024, dat ass dat grousst Zil vum Victor Bettendorf. Fir sech als Sprang-Reider aus dem Grand-Duché fir Olympesch Summerspiller ze qualifizéieren, ass awer net esou evident.

D’Réiser Päerdsdeeg hunn dann och schonn eng Bedeitung fir Olympia gehat...virun allem fir Reider, déi bis elo nach keen Tournoi ouni Feeler geridden waren. De Victoire Bettendorf huet dat allerdéngs scho bei enger Rei Evenementer realiséiert gehat.

Ma och fir e Päerd fir Olympia prett ze kréien, brauch een déi néideg Gedold an dat néidegt Wëssen.

De Steve Guerdat, deen de Grand Prix Liette Thiry bei de Réiser Päerdsdeeg dëst Joer gewonnen huet, ass den Olympiagewënner vun London2012. De Schwäizer kënnt awer och gär op den CSI3-Stären um Herchesfeld.

De Victor Bettendorf huet beim Grand Prix beim zweetleschte Sprong e Feeler gemaach, an huet sech um Enn, als beschte Lëtzebuerger mat der 10. Plaz missen zefridde ginn.

Back to Top
CIM LOGO