Fir dës hat sech de Lëtzebuerger Sprangreider Victor Bettendorf am Summer zu Roum qualifizéiert. Et waren am Ganze 15 Reider um Start um Sprangen iwwert 1,65 Meter mat zwou Ronnen.
De Lëtzebuerger ass mat sengem Päerd Foxy de la Roque un de Start gaangen an zesummen hu si et fäerdeg bruecht, déi zwou schwéier Ronnen ouni Feeler ze sprangen, mat der beschter Zäit an der zweeter Ronn, wat d’Victoire fir de Victor Bettendorf mat sengem Päerd bedeit huet.
Wéi et vun der Federatioun heescht, wier domat Lëtzebuerger Sportgeschicht geschriwwe ginn.
RTL-Reportage: De Victor Bettendorf am Interview
Sprangreiden: Victor Bettendorf mat duebeler Victoire zu Roum