Titel zu Istanbul gewonnenDe Weltmeeschter am Bodybuilding bis zu 100 Kilo ass Lëtzebuerger

Philippe Dondelinger
De Yannick Schott huet den 3. Juni, also virun engem gudde Mount, de Weltmeeschtertitel am Bodybuilding vun Istanbul mat Heem bruecht.
De Yannick Schott ass Weltmeeschtertitel am Bodybuilding
De Lëtzebuerger Infirmier huet den 3. Juni de Weltmeeschtertitel am Bodybuilding mat Heem bruecht.

Dovun hat hien ëmmer gedreemt, huet haart trainéiert an huet op villes verzicht, fir sech de Weltmeeschtertitel ze erkämpfen. Disziplin, Ernärung, vill schlofen an natierlech all Dag trainéieren, dat war säi Rezept fir den Erfolleg an dorobber ass hien och houfreg. Alles, op dat hie wärend Joren verzicht huet, huet sech am Endeffekt och gelount.

Als Personal Trainer a sengem eegenen neie Fitnessstudio hëlleft hie ville Clienten, déi meeschtens aus dem Spidol kommen oder virun enger Operatioun stinn. De Yannick ass geléierten Infirmier a gëtt Formatioune fir déi aner Infirmieren. Den 1. Abrëll 2022 huet hien awer zwee an en halleft Joer Congé sans soldes geholl , fir säi Fitnessstudio opzemaachen. Esou verbënnt hie säin medezinescht Wëssen elo mat senger Passioun zum Leeschtungssport.

“De Leit ze hëllefen” steet ganz uewen op senger Lëscht, ob am Spidol oder am Fitness. Bleift da just nach d’Fro opstoen, wéi et elo weidergeet mam Weltmeeschter am Bodybuilding? Gi mer no zwee Joer nees zeréck an deen ale Beruff oder huet hien aner Pläng?

An do konzentréiert hie sech op säi Fitness a säi Gesondheetskonzept, fir dee weider auszebauen. Säin nächst Ziel ass et, nächst Joer den Titel vum “Mister Universum” mat Heem ze bréngen.

Back to Top
CIM LOGO