Stock-Car-MeeschterschaftDecisiounen ëm d'Meeschterschafte si gefall

RTL Lëtzebuerg
De 17. September waren zu Rammerech d'Finalle vum Lëtzebuerger Stock-Car-Championnat. Dobäi sinn eng Rëtsch Decisiounen ëm de Championstitel gefall.
© FLSC

An der éischter Klass am Ekippechampionnat konnt sech d’Ekipp Tornado Team Hamm den Titel sécheren. Dëst virun der Konkurrenz aus Diddeleng. Am Eenzelklassement geet den Titel iwwerdeems un de Michel Asselborn, dee sech knapp géint de Christian Guillaume duerchsetze konnt.

An der zweeter Klass ka sech d’Ekipp Racing Team Power Bull’s Préizerdaul den Titel am Ekippechampionnat sécheren, wougéint am Eenzelklassement de Patrice Renericken de Champion gëtt.

An der Klass vun den Debutante ka sech de Kai Gillen géint véier aner Piloten duerchsetzen a seng Saison domadder mam Titel kréinen.

Back to Top
CIM LOGO