Laang Jore war de WTA Tennis-Tournoi am Oktober op der Kockelscheier net aus dem Sportskalenner ewechzedenken. D’lescht Joer hunn d’Organisateure fir eng éischte Kéier awer eng aner Zort Tournoi organiséiert.
De groussen Ënnerscheed zum WTA Tournoi op der Kockelscheier ass awer deen, datt d’Spillerinne kee Ranking méi hunn. Se si quasi an der Pensioun, och wann dat mat enger Altersmoyenne vu 35 Joer e bësse komesch kléngt. Et ginn 110.000 Euro Präisgeld, déi am Dëppe leien. 50.000 Euro ginn et fir d’Gewënnerin.

Organiséiert gëtt den Tournoi vum Dan Maas a senger Ekipp. D’Iddi fir d’Luxembourg Ladies Tennis Masters huet sech och ganz séier ronderëm geschwat gehat an dofir koumen no der éischter Editioun d’lescht Joer, fir den Tournoi nächst Woch e puer Spillerinnen direkt op d’Organisateuren duer.
Och d’Daniela Hantuchova wäert nieft dem Monica Puig, dem Andrea Petkovic an dem Mandy Minella matspillen. D’Daniela Hantuchova war schonn iwwer 15-mol zu Lëtzebuerg an hat den Optakt vun hirer Profi-Karriär och hei zu Lëtzebuerg, dofir huet et eng relativ enk Bindung mam Land.
D’Gewënnerin vum leschte Joer, d’Kim Klijsters spillt och nees an huet eng weider Chance op den Titel, dat op den 2. Luxembourg Ladies Tennis Masters.