Lëtzebuerger Futtballer am AuslandDefaite a rout Kaart fir de Marvin Martins mat Austria Wien

RTL Lëtzebuerg
Fir den Dirk Carlson ass et an der 2. Liga besser gelaf. Um Samschdeg huet den Danel Sinani seng éischt Minutte fir St. Pauli gespillt.
© Christian Charisius / DPA

An der 1. Liga an Éisträich huet Austria Wien mam Marvin Martins 0:3 géint Sturm Graz verluer. De Lëtzebuerger stoung am 1. Match vun der Saison vun Ufank un um Terrain, huet awer an der 33. Minutt déi rout Kaart gewise kritt. Hien hat säi Géigespiller mam Fouss am Gesiicht getraff.

An der 2. Liga huet den Dirk Carlson bei der 4:1-Victoire vu St. Pölten bei der 2. Ekipp vu Sturm Graz de ganze Match duerchgespillt.

An der 2. Bundesliga an Däitschland huet Hansa Rostock mat 2:0 géint Nürnberg d’Iwwerhand behalen. De Sébastien Thill war dobäi awer net am Kader.

Samschdeg

Um éischte Spilldag vun der zweeter Bundesliga konnt den Danel Sinani mat sengem neie Veräi Sankt Pauli eng 2:1-Victoire um Betzenberg zu Kaiserslautern feieren. De Lëtzebuerger Nationalspiller ass dobäi an der 87. Minutt fir de Saad agewiesselt ginn an hat an der 92. Minutt eng gutt Occasioun, fir de Score fir seng Faarwen op 3:1 ze erhéijen. Allerdéngs hat do e Spiller vu Kaiserslautern eppes dogéint, deen in extremis de Ball rette konnt. D’Goler fir Sankt Pauli hunn iwwerdeems de Saad an der 52. souwéi den Hartel per Eelefmeter an der 76. Minutt geschoss. Fir Kaiserslautern konnt den Ache an der 66. Minutt markéieren.

De Eldin Dzogovic, dee beim 1. FC Magdeburg e Kontrakt huet, souz beim 1:1-Gläichspill géint den SV Wehen Wiesbaden dee ganze Match iwwer op der Bänk. De Schuler hat Magdeburg an der 29. Minutt mat 1:0 a Féierung bruecht, ier datt de Prtajin an der 62. Minutt fir Wiesbaden ausgläiche konnt.

An der schwedescher Allsvenskan gewënnt de Seid Korac mat Degerfors IF géint IF Brommapojkarna mat 2:0. De Lëtzebuerger gouf an der 91. Minutt fir de Bouzaiene agewiesselt. D’Goler fir Degerfors IF hunn de Granath an de Lindgren geschoss. Degerfors IF steet nom 18. Spilldag op der 13. Tabelleplaz an huet dräi Punkte Virsprong op eng Ofstigsplaz.

Den Tim Hall setzt sech mat Újpest géint FehérvárFC duerch. Bei der 2:1-Heemvictoire stoung de Lëtzebuerger de ganze Match iwwer um Terrain. D’Goler fir Újpest hunn de Ljujic an de Mack markéiert. Fir Fehérvár FC huet iwwerdeems de Katona getraff.

Freideg

E Freideg den Owend huet déi nei Saison am belsche Championnat ugefaangen a fir den Anthony Moris gouf et um éischte Spilldag mat Union Saint-Gilloise e perfekte Start an d’Saison. Virun den eegene Spectateuren huet ee sech mat 2:0 géint Anderlecht behaapt. De Lëtzebuerger Nationalgolkipp ass domadder ouni Géigegol bliwwen.

D’Goler hunn den Eckert Ayensa an der 30. Minutt an de Cameron Puertas an der Nospillzäit (Eelefmeter) geschoss.

Donneschdeg

En Donneschdeg war d’Austria vu Wien an der Europa-Conference-League-Qualifikatioun am Asaz. Virun eegenem Public krute si et mat Borac Banja Luka aus Bosnien-Herzegowina ze dinn. An engem serréierte Match konnt sech d’Austria allerdéngs um Enn mat 1:0 duerchsetzen. Den decisive Gol ass an der 94. Minutt duerch den Tabakovic gefall, nodeems dësen de Ball vum Polster opgeluecht krut. De Lëtzebuerger Marvin Martins stoung de ganze Match iwwer um Terrain.

Back to Top
CIM LOGO