
Am 24 Mann grousse Kader sinn d’Iwwerraschungen ausbliwwen, mam Mica Pinto feelt allerdéngs ee ganz wichtege Spiller wéinst Blessur. Den Danel Sinani ass no senger Spär géint Malta nees mat dobäi. Vu 24 Spiller spillen der mam Ralph Schon an Dejvid Sinani just zwee hei am Land.
Lëtzebuerg spillt e Samschdeg um 15 Auer am Stade de Luxembourg géint Lichtenstein an den 20. Juni a Bosnien. Dir kënnt béid Matcher op RTL Télé Lëtzebuerg, um Radio an och um Internet live suivéieren.