
An der éischter Partie vum Dag huet sech Italien mat 1:0 géint Argentinien duerchgesat. Den eenzege Gol an engem Match, deen zimmlech ausgeglach war, ass no 87 Minutte gefall.
En kloer Victoire gouf et da fir eis däitsch Nopere géint Marokko, dat mat engem 6:0. An der éischter Hallschent hat d’Popp zwee Mol getraff. Nom Säitewiessel hunn d’Bühl an d’Schüller sech an d’Lëscht agedroen, ma och zwee Selbstgoler vun de Marokkanerinnen hu fir den héije Score gesuergt.
An der Partie tëscht Brasilien a Panama huet d’Ary Borges hiert ganzt Talent gewisen. Déi brasilianesch Offensivspillerin huet direkt dräi Mol fir hiert d’Land getraff. De véierte Gol hat dotëscht Bia Zaneratto markéiert.
Italien - Argentinien 1:0
1:0 Girelli (87')
Däitschland - Marokko 6:0
1:0 Popp (11'), 2:0 Popp (39'), 3:0 Bühl (46'), 4:0 Ait El Haj (54',sg) 5:0 Redouani (79',sg), 6:0 Schüller (90')
Brasilien - Panama 4:0
1:0 Ary Borges (19'), 2:0 Ary Borges (39'), 3:0 Bia Zaneratto, 4:0 Ary Borges (70')