French Open am TennisDéi éischte Kéier zanter 19 Joer ass de Rafael Nadal zu Paräis net derbäi

RTL Lëtzebuerg
Den Tennis-Rekordgewënner ass weider mat Hëftproblemer geplot a kann dofir net zu Paräis spillen.

Dëst huet de Nadal op enger Pressekonferenz matgedeelt. Zanter den Australien Open am Januar huet den Tennisspiller kee Match méi gespillt. Wéi laang den Nadal nach ausfält, ass ongewëss - hie wéilt seng Carriere awer net mat dëser Verletzung ophalen, huet en ënnerstrach.

Back to Top
CIM LOGO