
No 90 Minutte gouf et eng 3:2-Victoire fir déi jonk rout Léiwen, déi gewisen hunn, datt mat hinnen ze rechnen ass en Vue vun der Qualifikatioun fir d’U19-Europameeschterschaft am September.
Duerch Goler vum Dardari, Souchard an Alves konnt sech d’U19-Nationalekipp géint Montenegro duerchsetzen. Am September spille si an der éischter Qualifikatiounsronn fir d’EM 2023 a Malta géint d’Tierkei, den Aserbaidjan a Bulgarien. Den Nationaltrainer Mario Mutsch war zefridde mat der Prestatioun vu senger Ekipp nom éischte Match.
“Mir hunn eis haut fir d’Efforte belount. Et gëtt just eng Devise an dat ass d’Ekipp an den Individuelle kann an der Ekipp d’Differenz maachen. Dat hu mer haut zum Deel gutt gemaach. D’Virgaben hu si gutt ëmgesat. Ech sinn zefridden, mä et ass réischt den Ufank. Montenegro ass spilleresch an athletesch op engem Niveau, wou mir soen, domat musse mir konkurréieren.”
Vill bekannt Nimm, déi op der U17-Europameeschterschaft an Israel mat dobäi waren, sinn elo an d’U19 nogeréckelt. Ouni den Tim Flick, dee vu sengem Veräi Frankfurt fir dës Partie net fräigestallt gouf, an dem blesséierte Sofiane Ikene, stoung en Dënschdeg ee Mix aus neien an alen U19-Spiller um Terrain. Fir de Mario Mutsch ass et schonn ee Virdeel, datt sou munch Spiller sech aus hiren Zäiten aus der U17 kennen:
“Et sinn zwee Joergäng zesummekomm, de Konkurrenzkampf ass nees op. Et ass ëmmer méi flott ee Kader zesummenzestelle mat méi Spiller am Ausland. Mir sinn zu Housen am Stage. Dat war mir wichteg, datt mir véier Deeg zesumme sinn, fir datt déi aner gesinn, wéi schafft deen een Trainer, wat gëtt hie fir Messagen, wéi léif oder béis hien ass. Ech sinn een Trainer, dee seet, fir d’éischt d’Ekipp an dodrun de Kollektiv. A mir hu kollektiv Spiller, mä dat geet nëmmen iwwert den Ekippegeescht.”
De Mann vum Dag war en Dënschdeg sécherlech den Aiman Dardari, dee mat sengem Gol zum 1:0 a senger Virlag zum 2:0 maassgeeblech un der Victoire bedeelegt war. De 17 Joer ale Spiller vu Mainz huet déi Lëtzebuerger Nationalitéit nach net, mä hie weess awer scho fir wéi eng Natioun hie spéiderhi spille wëll:
“Mäi Papp mécht grad d’Coursen, mee ech mengen net, datt hien dat packt. Et ass ze schwéier fir hien, mä d’nächst Joer kréien ech 18 Joer an dann decidéieren ech selwer. Da spillen ech fir déi Rout Léiwen.”
Nom Match vun en Dënschdeg zu Mäerzeg steet e Mëttwoch den zweete Match zu Housen um 18 Auer géint de Montenegro um Programm. D’Entrée ass fräi.