BGL LigueDéifferdeng klappt Stroossen duerch e Gol vum Buch

RTL Lëtzebuerg
Duerch e Gol vum Buch wënnt Déifferdeng knapps mat 1:0 géint Stroossen, Munneref a Rodange spillen 1:1 an Hamm Benfica verléiert mat 0:3 géint Péiteng.

Zu Stroossen kruten d’Spectateuren eng onspektakulär éischt Hallschent tëscht der Lokalekipp an Déifferdeng ze gesinn. Just eemol gouf et Gefor virum Gol an dat duerch e Schoss vum Stroossener Weirich. No der Paus huet Déifferdeng den Drock erhéicht a konnten an der 83. Minutt dann och duerch de Buch a Féierung goen.

Scho fréi an der éischter Hallschent krut den Dialungana eng giel-rout Kaart sou dat Hamm laang an Ënnerzuel huet misse spillen. Zu deem Ament louch Péiteng scho mat 1:0 duerch en Eelefmeter vum Schneider a Féierung. An der 40. Minutt huet den Abreu den 2:0 drop geluecht. An der 90. Minutt konnt de Merk och nach den 3:0 schéissen.

Schonn an der 11. Minutt konnt Munneref duerch de Kuete a Féierung goen an déi war och verdéngt. Rodange huet no der Paus den Drock erhéicht a konnten an der 76. Minutt duerch en Eelefmeter vum Larrière ausgläichen.

D’Resultater am Iwwerbléck (Replay an Ticker)

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO