0:1 am Retourmatch géint DritaDéifferdeng packt et net an d'Ligaphas vun der Conference League

Jeff Birsens
Trotz enger fréier rouder Kaart konnt den FCD03 nach laang mathalen. An der 62. Minutt sollt dann en Eelefmeter nom Asaz vum VAR fir d'Decisioun suergen.
0:1 am Retourmatch géint Drita
Déifferdeng packt et net an d’Liga-Phas vun der Conference League.

FC Deifferdeng géint FC Drita - De Resumé vum Serge Olmo

En Donneschdeg den Owend huet den FC Déifferdeng et net gepackt, sech fir d’Ligaphas vun der Conference League ze qualifizéieren. No der 1:2-Defaite am Allersmatch ass et och am Retourmatch zu Uewerkuer eng 0:1-Néierlag ginn. D’Lokalekipp war virun 1910 Spectateure schonn no dräi Minutten an Ënnerzuel geroden a krut de Réckstand aus dem Allersmatch duerno trotz ville Beméiungen net méi gedréint. Um Enn séchert sech also den FC Drita den Ticket fir d’Ligaphas an der Conference League.https://www.rtl.lu/sport/news/a/2330315.html

Grouss Enttäuschung bei Déifferdeng no verpasster Conference-League-Quali
Den Artur Abreu nom Match am Interview.

FC Déifferdeng - FC Drita 0:1

0:1 Krasniqi (62')

Dram geplatzt - Déifferdeng verpasst d'Ligaphas vun der Conference League (Replay)
Och de Retourmatch huet de Lëtzebuerger Champion géint Drita aus dem Kosovo verluer. Doheem gouf et eng 0:1-Néierlag.

Am ausverkaafte Stade Municipal zu Uewerkuer hätt et fir den FC Déifferdeng net méi schlecht kéinten ufänken. No nëmmen dräi Minutten huet den Andreas Buch den Defenseur vun Drita beim Pressing vun hanne vun de Been geholl a krut vum Arbitter déi Rout Kaart gewisen. An Iwwerzuel haten d’Gäscht aus dem Kosovo da fir de gréissten Deel de Ball, ma Déifferdeng huet sech net verstoppt a probéiert mat vereenzelten offensiven Aktioune weider aktiv am Match ze bleiwen. Mat der Zäit huet de Gaascht awer ëmmer méi d’Kontroll iwwert de Match geholl an hat no 25 Minutte mat engem Distanzschoss op d’Lat och déi bescht Chance vum Match. Kuerz virun der Paus ass Déifferdeng dann nach e puer Mol geféierlech virun de géigneresche Gol komm, ma mat engem gerechten 0:0-Remis sollt et dann an d’Vestiairë goen.

Nom Säitewiessel war d’Stëmmung um an nieft dem Terrain direkt e gutt Stéck méi hëtzeg, sou datt an der 55. Minutt ee Member vum Staff vun de Gäscht mat Rout op d’Tribün geschéckt gouf. Um Terrain huet ee gemierkt, datt Déifferdeng net wollt opginn a sou hu si weider probéiert, de Wee no vir ze sichen. No enger knapper Stonn ass den Arbitter da vum VAR op d’Säitelinn geruff ginn, nodeems den Dylan Lempereur de géigneresche Spiller op der Grenz vum Strofraum getraff hat. Nodeem hie sech d’Biller ugekuckt huet, war d’Decisioun op Eelefmeter fir d’Gäscht gefall. De Bresnik Krasniqi ass ugetrueden a konnt de Ball sécher eraschéissen. Fir Déifferdeng war den 0:1 schonn eng kleng Virentscheedung. Zwar sinn d’Haushären nach déi eng oder aner Kéier virun de Gol vun Drita komm, ma um Enn sollt et bei der knapper Defaite bleiwen.

Den 1:0 vun Drita am Retourmatch
....

De Kevin D’Anzico probéiert awer objektiv op déi europäesch Campagne zeréckzekucken.

“Mir hate vill schéi Momenter. Dës Campagne muss een draus léieren. Ech mengem, mir hunn eis vill Saache selwer opzeschreiwen. A wann s de sou vill individuell Feeler cumuléiers iwwert all déi Matcher, da muss de iergendwann agesinn, dass et einfach net kann duergoen, fir an d’Gruppephas ze kommen. An ech mengen den Niveau hate mer... Mir hu matgespillt. Mir hunn de Fussball matgespillt. An et gëllt elo déi dote Feeler, déi mer net haut, net am Match géint Levadia, mee ech denken iwwert déi ganz Campagne gemaach hunn, dorausser ze léieren a méi staark erëm ze kommen. Esou einfach sou.”

De Kevin D’Anzico

Back to Top
CIM LOGO